SAVE THE DATE

NOVOTEL CUP #32
03.-05. Jan 2020

8 TEAMS compete during 3 DAYS at the biggest Volleyball EVENT in Luxembourg.

Léif Volleyballsfrënn,

Vum 3. bis 5. Januar ass et endlech erëm esou wäit: Déi 32. Editioun vum traditionellen Novotel Cup steet virun der Dier an dat direkt mat engem Novum. Fir déi éischte Kéier gesinn sech eis rout Léiwinnen a Léiwe mat deene selwechten Equippe konfrontéiert. Mat England, Schottland an Island ass den Turnéier bei den Damen an den Häre gutt besat a mir kennen eis op eng exzellent Stëmmung wärend deenen 3 Deeg an der Coque freeën.
Den Novotel Cup huet sech an deene leschte Joren ëmmer rëm als eng perfekt Plattform fir eis Nationalequippen erausgestallt, sech op internationalem Niveau ze beweisen. Et ass awer mëttlerweil méi wéi nëmmen en Preparatiounstournéier, mee ee vun deene wichtegste Volleyballsevenementer vun der Saison. De Lëtzebuerger Volleyball huet iwwert déi lescht Joren ewech ëmmer méi un Attraktivitéit zougeholl an dat soll och roueg gewise ginn. Traditiounsgemäß trefft sech um Novotel Cup déi ganz Volleyballsfamill fir zesummen eise Sport ze promouvéieren an ze feieren.
Glécklecherweis kann d’FLVB op eng motivéiert an agespillten Equipe vu Fräiwëllegen zielen. Duerch hiert Engagement an hier haart Aarbecht, déi leider oft onbemierkt an ouni grousse Merci verriicht gëtt, ass dëst Evenement iwwerhaapt eréischt méiglech. An enger Zäit, wou de Bénévolat ëmmer méi rar gëtt, ass et mer immens wichteg, dëse Leit, sief dat Ballkanner, Juges de ligne, d’Veräiner déi d’Buvette assuréieren respektiv der ganzer Equipe vun der FLVB, en grousse Merci auszeschwätzen. Mat vill Häerzbludd sinn si dobäi an droën dozou bäi dass den Novotel Cup esou wuel fir all d’Equipe déi matspillen awer och fir d’Zuschauer, e Volleyballfest gëtt.
E spezielle Merci geet och un all eis Sponsoren a Partner, an dësem Fall besonnesch der Direktioun vum Novotel, déi dëst Evenement vun Ufank un positiv begleet hunn.
Iwwerzeegt Iech selwer vun dëser eenzegaarteger Atmosphäre. Mär freeën eis op alle Fall, wann dir de Wee op den Novotel Cup fannt an eis zwou Equipe mat gudder Stëmmung ënnerstëtzt.

Norma Zambon
Präsidentin vun der FLVB

UPCOMING MATCHES

no match(es) found in our database.

WOMEN TEAMS IN COMPETITION


Luxembourg

Iceland

England

Scotland
Friday03.01.202015:00SCOTLAND - ICELAND1 - 3
Friday03.01.202017:30LUXEMBOURG - ENGLAND3 - 0
Saturday04.01.202012:30ICELAND - ENGLAND0 - 3
Saturday04.01.202020:00LUXEMBOURG - SCOTLAND3 - 0
Sunday05.01.202012:00ENGLAND - SCOTLAND3 - 1
Sunday05.01.202015:00LUXEMBOURG - ICELAND3 - 1
MATCH DATA BY volleyball.lu
1. LUX9
2. ENG6
3. ISL3
4. SCO0


DETAILED RANKING
  • Ech erwaarde mer vum Novotel Cup...

    ... datt mir eng gudd Reklamm fir eisen Sport maachen an Jonker motiveieren fir Volleyball als Sport ze maachen.

    Yana FELLER, TEAM LUXEMBOURG WOMEN
  • Den Novotel bedeit fir mech...

    ... en flotten Tournoi firun eisem Publikum ze spillen.

    Betti HOFFMANN, TEAM LUXEMBOURG WOMEN
  • Meng Ziiler baim NOVOTEL CUP sinn...

    ... datt mir eis als Equipe fannen an d‘Leeschtung vum leschten SCA Tournoi rem ofruffen kennen

    Nathalie BRAAS, TEAM LUXEMBOURG WOMEN
    ...

MEN'S COMPETITION


Luxembourg

Iceland

England

Scotland
Friday03.01.202012:30ICELAND - ENGLAND1 - 3
Friday03.01.202020:00LUXEMBOURG - SCOTLAND3 - 0
Saturday04.01.202015:00SCOTLAND - ICELAND1 - 3
Saturday04.01.202017:30LUXEMBOURG - ENGLAND3 - 0
Sunday05.01.202010:00ENGLAND - SCOTLAND3 - 2
Sunday05.01.202017:30LUXEMBOURG - ICELAND3 - 0
MATCH DATA BY volleyball.lu
1. LUX9
2. ENG5
3. ISL3
4. SCO1


DETAILED RANKING
  • Eist Zil ass dest Joer...

    ... ze weisen dass mer och mat enger jonker Equipe en gudden Volleyball spillen kennen.

    Max FUNK, TEAM LUXEMBOURG MEN
  • Ech erwaarden mer vum Novotel Cup...

    ...datt eng gudd Stemmung opkennt an d’Leit den Wee an d’Coque fannen

    Philippe GLESENER, TEAM LUXEMBOURG MEN
    ...