SAVE THE DATE

NOVOTEL CUP #34
27.- 29.12.2023

6 TEAMS compete during 3 DAYS at the biggest Volleyball EVENT in Luxembourg.

Léif Volleyballsfrënn,

Vum 27. bis 29. Dezember ass et endlech erëm esou wäit: Déi 34. Editioun vum traditionellen Novotel Cup steet virun der Dier.
Den Novotel Cup huet sech an deene leschte Joren ëmmer rëm als eng perfekt Plattform fir eis Nationalequippen erausgestallt, sech op internationalem Niveau ze beweisen. Et ass awer mëttlerweil méi wéi nëmmen en Preparatiounstournéier, mee ee vun deene wichtegste Volleyballsevenementer vun der Saison. De Lëtzebuerger Volleyball huet iwwert déi lescht Joren ewech ëmmer méi un Attraktivitéit zougeholl an dat soll och roueg gewise ginn. Traditiounsgemäß trefft sech um Novotel Cup déi ganz Volleyballsfamill fir zesummen eise Sport ze promouvéieren an ze feieren.
Glécklecherweis kann d’FLVB op eng motivéiert an agespillten Equipe vu Fräiwëllegen zielen. Duerch hiert Engagement an hier haart Aarbecht, déi leider oft onbemierkt an ouni grousse Merci verriicht gëtt, ass dëst Evenement iwwerhaapt eréischt méiglech. An enger Zäit, wou de Bénévolat ëmmer méi rar gëtt, ass et mer immens wichteg, dëse Leit, sief dat Ballkanner, Juges de ligne, d’Veräiner déi d’Buvette assuréieren respektiv der ganzer Equipe vun der FLVB, en grousse Merci auszeschwätzen. Mat vill Häerzbludd sinn si dobäi an droën dozou bäi dass den Novotel Cup esou wuel fir all d’Equipe déi matspillen awer och fir d’Zuschauer, e Volleyballfest gëtt.
E spezielle Merci geet och un all eis Sponsoren a Partner, an dësem Fall besonnesch der Direktioun vum Novotel, déi dëst Evenement vun Ufank un positiv begleet hunn.
Iwwerzeegt Iech selwer vun dëser eenzegaarteger Atmosphäre. Mär freeën eis op alle Fall, wann dir de Wee op den Novotel Cup fannt an eis zwou Equipe mat gudder Stëmmung ënnerstëtzt.

Norma Zambon
Präsidentin vun der FLVB

UPCOMING MATCHES

no match(es) found in our database.

WOMEN TEAMS IN COMPETITION


Luxembourg

Austria


Wednesday27.12.202318:00LUXEMBOURG - AUSTRIA2 - 3
Thursday28.12.202320:30AUSTRIA - LUXEMBOURG3 - 0
MATCH DATA BY volleyball.lu
1. AUT5
2. LUX1


DETAILED RANKING
  • Ech erwaarde mer vum Novotel Cup

    ... dass mier weisen kennen dass den letzeboier Volleyball et waert ass kucken ze kommen.

    Emma VAN ELSLANDE, TEAM LUXEMBOURG WOMEN
    ...

MEN'S COMPETITION


Luxembourg

England

Austria

France Avenir
Wednesday27.12.202315:30AUSTRIA - ENGLAND0 - 3
Wednesday27.12.202320:30LUXEMBOURG - FRANCE3 - 1
Thursday28.12.202315:30FRANCE - AUSTRIA1 - 3
Thursday28.12.202318:00LUXEMBOURG - ENGLAND1 - 3
Friday29.12.202318:00ENGLAND - FRANCE3 - 0
Friday29.12.202320:30LUXEMBOURG - AUSTRIA2 - 3
MATCH DATA BY volleyball.lu
1. ENG9
2. AUT5
3. LUX4
4. FRA0


DETAILED RANKING
  • Eist Zil ass dest Joer...

    ...fir Matcher zesummen als Ekipp ze spillen an dat beschtmeiglecht Resultat ze erreechen

    Simao NOVAIS , TEAM LUXEMBOURG MEN
  • Ech erwaarden mer vum Novotel Cup ...

    ... eng spannend Competitioun an en heigen Level un Volleyball

    Yannick ERPELDING, TEAM LUXEMBOURG MEN
    ...